Le Collège des Bourgmestre et Échevin de la Commune de Strassen en collaboration avec la Commission des Sports & Associations locales a le plaisir de vous inviter à dimanche, le 15 mai 2011 Léiw Sportsfrënn, Hëlleft hëllefen! Ech schreiwen des puer Zeilen, fir en Opruff un Iech all z’adresséieren: „Macht alleguerte mat beim STROOSSEN WIBBELT“ ! Och dëst Joer organiséiert de Stroossener Schäfferot, zesumme mat der Sportskommissioun, fir déi zweete Kéier des grouss Sportsmanifestatioun an eiser Gemeng. Jiddereen dee lafen, mountainbiken, walken oder gemittlech trëppele wëll ka sech op der Platz aschreiwen an op dës Manéier eppes fir seng eege Gesondheet mee och fir déi vun deene ville kriibskranke maachen. D'lescht Joer konnte mir 10.000 € un Télévie iwwerreechen an esou de Beitrag vun der Stroossener Gemeng fir d’Kriibsforschung vum Dr. Diederich an senger Équipe leeschten. D’Gemeng Stroossen sponsert all Tour vu circa 2 km, deen Dir laaft oder gitt ! An esou kënnt dat Geld zesummen, dat mir dem Télévie als Gemeng spenden. Duerfir, hëlleft all hëllefen a laaft oder gitt mat Sonndes, den 15. Mee ! Rendez-vous, mueres vun 9 Auer bis 13 Auer mëttes virun der Gemeng ! Ech soen Iech elo schonns villmools MERCI! Gaston Greiveldinger Buergermeeschter
|
|