Administration communale de Strassen Administration Communale
de Strassen
Mérite sportif

Op der desjähreger Mini Champion's Night, déi de 15. November 2018 am Centre Culturel Paul Barblé stattfonnt huet, si jonk Sportler a Sportlerinnen aus verschiddene Sportsveräiner vu Stroossen geéiert ginn.

 

Duerch hier aussergewéinlech sportlech Leeschtungen déi si dëst Joer an hirer jeeweileger Alterskategorie erbruecht hunn, sinn eng 150 Kanner a Jugendlecher vum Buergermeeschter, dem Här Gaston Greiveldinger, am Bäisinn vun de Schäffen, Nico Pundel a François Gleis, ausgezeechent ginn.

Zu de Sportsveräiner mat besonnesch erfollegräiche Sportler zielen de FC UNA Strassen, de CEP Stroossen, de Judo Club Stroossen an de Karate Club Strassen.

 

D’Gemeng Stroossen seet de Sportsveräiner an de respektiven Trainere villmools Merci fir hiert onermiddlecht Engagement. Dëst erméiglecht deene Jonken hir Passioun fir eng Sportaart ze entdecken an deementspriechend gefërdert ze gi fir erfollegräich un nationalen an internationalen Tournoien a Competitiounen deelzehuelen.

 

D’Gemeng Stroossen ass immens houfreg op hier jonk Athleten a wënscht hinne weiderhi vill Erfolleg bei hirer sportlecher Karriär.