Administration communale de Strassen Administration Communale
de Strassen
PS 29-11-2019

D’Aarbechte vum ënnerierdesche Passage beim Fräiheetsbam gi gutt virun. De Passage erméiglecht et an Zukunft de Foussgänger a Vëlosfuerer sécher vun enger Stroossesäit ob déi aner ze kommen ouni mussen iwwert déi villbefuere Strooss ze trëppelen.

Wann d’Wiederkonditioune weiderhi gutt bleiwen, da ka virun der Chrëschtvakanz de Stroossebelag drop kommen an de Passage kann zesumme mat der Strooss wéi geplangt am Mäerz 2020 opgoen.