Administration communale de Strassen Administration Communale
de Strassen
Plastic

An der Gemengerotssëtzung vum 2. Dezember huet d'Gemeng Stroossen sech dozou verflicht, de Verbrauch vu Plastik ze reduzéieren an op aner méi ëmweltfrëndlech Produiten ëmzeklammen. 

Konkret Moossnamen déi zäitno ëmgesat solle ginn: 
- op de Manifestatiounen déi vun der Gemeng an de lokale Veräiner organiséiert ginn, dierfe keng Telleren, Becheren oder Besteck aus Einweg-Plastik méi benotzt ginn. Hei hunn d'Veräiner d'Méiglechkeet de Cup System mat Becheren déi een ëmmer erëm ka benotzen, an Usproch ze huelen. Dëse Service gëtt vun der Gemeng scho säit e puer Joer ugebueden. 
- an all ëffentleche Gebaier zu Stroossen gi Waasserspender installéiert fir de Verbrauch vu Plastiksfläschen ze reduzéieren 
- d'Schoulkanner kréien alleguerten e Waasserbidong zur Verfügung gestallt dee se an der Schoul mat frëschem Waasser kënnen opfëllen 

Fir d'Awunner iwwer den Ëmweltschutz opzeklären a fir hinnen ze verdäitlechen dass jidderee säi Verhalen ännere muss fir eis Ëmwelt ze retten, gëtt zesumme mat der Ëmweltkommissioun eng Semaine de l'Environnement organiséiert.