Administration communale de Strassen Administration Communale
de Strassen
Inowatio-2

Fir den Offall vu Verpackungen an de Verbrauch vu Plastik ze reduzéieren, steet de Bierger/innen vu Stroossen sech säit Ufank des Jores frësch gefiltert Waasser an der Receptioun vun der Gemeng zur Verfügung.  Mat Hëllef vun enger Filteranlag déi d’Waasser direkt aus der Waasserleitung bezitt, kënnen d’Leit tëschent temperéierten, gekillten oder spruddelegem Waasser wielen.

Wéi et an der Gemengerotssëtzung vum 2. Dezember 2019 festgehale ginn ass, wäerten dës Filteranlagen am Laf vum Joer an deene verschiddenen ëffentleche Gebaier zu Stroossen installéiert ginn.