Bhp 2020

Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseil, ënnert dem Patronage vum Grand-Duc, zeechent all 4 Joer privat wéi och ëffentlech Bauhären aus. 

Bei dëser 6. Editioun ass d’Sportshal vun der Gemeng Stroossen an der Kategorie “Bâtiment à vocation educative / culturelle / sportive nominéiert. 

 

D’Expo vum Bauhärepräis OAI 2020 wou déi 257 nominéiert Projeten ausgestallt sinn, kënnt Dir nach bis de 5. Oktober 2020 besichen. Den Entrée ass fräi. 

 

Wou?

Ancien Hôtel des Postes

25 rue Aldringen à Luxembourg

 

Wéini?

Méindes, Dënschdes, Donneschdes vun 12:00 bis 18:00 Auer

Mëttwochs a Freides vun 12:00 bis 21:00 

Samschdes a Sonndes vun 10:00 bis 16:00 

 

Klickt hei fir déi 257 Projetë vum Bauhärepräis OAI 2020 ze kucken.

D’Gewënner ginn den 21. September 2020 bekannt ginn.