El Khoury Victoria

An der Gemengerotssëtzung vum 29. Juli 2020, gouf d’Victoria El Khoury als nei LSAP-Conseillère vum Stroossener Gemengerot vereedegt.

 

Am Libanon gebuer, ass d'Victoria no hirem Doktorat an der Pharmacie 2001 a Frankräich komm fir hir Etüden weiderzeféieren.

2006 huet si mat engem Doktorat an der Biologie cellulaire a moléculaire hir Studien ofgeschloss.

2007 ass d'Victoria op Lëtzebuerg komm a schafft als Fuerscherin am Luxembourg Institute of Health. Si ass Presidentin vun der Chancëgläichheetskommissioun a Member vu 4 weidere Kommissioune (Verkéiers-, Emwelt an Energie-, an Integratiounskommissioun, Member vum Klimateam) vun der Gemeng Stroossen.

 

D’Victoria El Khoury léisst d’Nicole d’Angelo of, déi säit 2011 am Gemengerot war an aus perséinleche Grënn zerécktrëtt.

E grousse MERCI am Numm vun der Gemeng fir dem Nicole seng excellent Aarbecht wärend deene leschten 9 Joer.

Béide wënsche mir vill Gléck a Courage fir d'Zukunft.