Den 19. September gëtt op RTL Télé Lëtzebuerg eng Emissioun gewisen iwwert d’Scheckiwwerreechung an deene verschiddene Centre de Promesses déi 2020 fläisseg fir den Télévie Doen gesammelt hunn.

Och wann dëst Joer villes anescht war, soe mir allen ee grousse MERCI déi den Télévie Lëtzebuerg ënnerstëtzt hunn an och weiderhin ënnerstëtzen: all de Veräiner, Entreprisen, Sponsoren, Benevollen, de Schoulkanner an hirem Léierpersonal, a jidderengem dee matgehollef huet.

 

MERCI fir Äert Engagement!