Wéinst den héijen Infektiounszuele mam Covid-19, recommandéiert d’Regierung d’Droe vun enger Mask och dobaussen op Plaze wou vill Leit beienee si wéi zum Beispill an enger Foussgängerzonen, Akafsstrooss oder um Maart.
D’Gemeng Stroossen erënnert drun dass d’Droe vun der Mask um Maart obligatoresch ass an en Sécherheetsofstand vun 2 Meter muss agehale ginn.