Jumping kids

D’Gemeng Stroossen sicht motivéiert Leit (m/f) déi bei de Vakanzaktivitéite vum 19. bis den 30. Juli 2021, als Animateur deelhuele wëllen, a gäre mat Kanner schaffen.

Wanns du …

… ob d’mannst 18 Joer al bass
… e Brevet Animateur A*, B oder C hues
… an der Gemeng Stroossen wunns (ass en Atout)
… an enger Equipe oder och autonom kanns schaffen
… an du gären a Kontakt mat Kanner am Alter vun 3 – 12 Joer bass,

 

Da mell dech a verstäerk eis Grupp vun Animateure fir d’Vakanzaktivitéiten. Mir zielen op dech. Zwee Preparatiounsdeeg ginn Ufanks Juli ofgehalen. Dës sinn obligatoresch!

 

Bass de interesséiert? Da gëff deng Demande mat engem CV, engem Certificat de scolarité an enger Kopie vum Brevet Animateur bei der Maison-Relais, 59 rue des Romains, L-8041 Strassen of.

Fir déi Kandidaten déi kee Brevet A hunn, kann eng Formatioun ugebuede ginn.

 

* D’après le règlement grand-ducal du 22 juin 2011, fixant la structure et les contenus de la formation des animateurs, les candidats doivent suivre une formation spécifique afin d'obtenir le "brevet d'aide-animateur A", et s’adressant spécialement aux animateurs des activités de vacances dans les communes.