Art et culture

Publié le 15 juin 2026

2026-10-11 00:00:00+02:00 17:30 18:30

Concert "Komm, mäi Léifsten!" Guy Schons

Informations générales


11.10.2026

17:30 - 18:30

Eglise


1, Place des Martyrs
L-8032 Strassen


Guy Schons: "Komm, mäi Léifsten!"

Fir de 65. Anniversär vu senger Carrière als Sänger a Gittarist huet de Guy Schons en neie Programm zesummegestallt. Zu sengem Repertoire gehéiere Vollekslidder aus ville Joërhonnerten, vu stëmmungsvolle Balladen aus der Renaissance, wéi "Komm, mäi Léifsten", bis zu lëschtege Lidder aus dem Ufank vum 20. Joërhonnert, wéi "Vu Cuba erëm" vum Putty Stein an "D'Lidd vum Théiwesbuer" vum Fritz Weimerskirch. Um Programm stin ausserdeem e puer nei Lidder, déi de Guy Schons dëst Joër komponéiert huet.

De Guy Schons, 1950 gebuer, as schon 1961 am Alter vun 11 Joër als Sänger an enger RTL-Emissioun opgetueden. Bekannt gouf e virun allem mat sengem 1975 gegrënnten Ensemble "Dullemajik", mat deem e 4 LPën an 12 CDë mat Lëtzebuerger an europäesche Lidder opgeholl a publizéiert huet. De 16. Juni dëst Joër krut de Guy Schons den Ordre du Mérite vum Kulturminister fir seng laangjähreg Carrière iwwerreecht.