- •
- Médiathèque
- •
- Remise de chèques pour associations humanitaires 02.07.2021
Remise de chèques pour associations humanitaires 02.07.2021
Publié le
Bei der Scheckiwwerreechung vum 1. Juli, konnte sech 6 karitativ Organisatiounen iwwer Donë vun der Gemeng Stroossen freeën. D’Suen gi genotzt fir verschidde Projeten zu Lëtzebuerg an am Ausland ze ënnerstëtzen.
Folgend Associatiounë krute vum Schäfferot a vun de Conseillere vum Gemengerot e Scheck iwwereecht:
| Aide à l’enfance de l‘Inde et du Népal asbl | Don vu 4.000 € |
| Liewenshaff Päerd’s Atelier asbl | Don vu 4.000 € |
| Fondation Caritas Luxembourg | Don vu 5.250 € |
| Schrëtt fir Schrëtt asbl | Don vu 4.000 € |
| Baytna Baytak – Together To Rebuild Beirut ONG | Don vu 4.000 € |
| Indian Association Luxembourg asbl | Don vu 4.000 € |
Am Kader vum Wibbel a Spill mat, den dëst Joer den 23. Juni zu Stroossen stattfonnt huet, gouf mat der Ënnerstëtzung vun de Stroossener Veräiner a vu Sponsoren, Sue fir de gudden Zweck gesammelt.
Mat engem Don vu 750€ vun der BGL, 500€ vun de Biker.lu a 4.000€ vun der Gemeng Stroossen, konnt sech d’Fondation Caritas Luxembourg iwwert e Schéck vun insgesamt 5.250€ freeën.
E grousse MERCI un all déi involvéiert Veräiner vu Stroossen ouni déi esou een Event guer net méiglech wier.