Arts et Culture

Octobre 26

Musikalesch Liesung mam Jemp Schuster & Claire Parsons

Date :

26. 10. 2022

Adresse :

Centre Culturel Paul Barblé
entrée rue des Romains
L-8041 Strassen

Début de l'événement :

20:00

Fin de l'événement :

22:00

Jemp Schuster

BLUTTSËFFER an OUERESCHLËFFER ass eng Familljechronik, an och d’Geschicht vun engem Duerf iwwert ee Joerhonnert.

Am 1. Band, BLUTTSËFFER, huelen d’Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum vu Grozeg äis mat an d’Zäit tëschent 1905 an 1952, mat zwéi Weltkricher a mat den Héichten an Déiften aus den zwanzeger an drësseger Joren.

Den 2. Band, OUERESCHLËFFER, beschreift den Ënnergank vun der Duerfkultur, tëschent de Joren 1952 an 2005. D‘Protagonisten aus der 4. a 5. Generatioun ginn aus der Baueregesellschaft vum 20. Joerhonnert an d’Globaliséierung vun den 2000er Jore katapultéiert.

De Jemp Schuster gouf heivir mam Lëtzebuerger Literaturpräis 2021 ausgezeechent.

 

Claire Parsons

Zanter hirem éischte Präis um “Luxembourg Music Awards” am Joer 2019 ass d’Claire Parsons international als Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt a gefrot.

2020 huet si hire Studium am Jazz Gesang mat engem Master um Conservatoire Royal zu Bréissel ofgeschloss an ass zanterhier, als fräischaffend Musekerin op villen nationalen an internationale Bünen a Festivaller ze gesinn an ze héieren.

 

Organisation : Commune de Strassen & Commission de la Culture