Den 30. Juli ass a Präsenz vum Stroossener Schäffen- a Gemengerot, dem President vun der FLF Paul Philipp an dem President an de Membere vum FC UNA Stroossen, de renovéierte syntheetesche Fussballsterrain ageweit ginn.

Nodeems de Belag vum alen Terrain ofgedroe gouf, si folgend Aarbechten duerchgefouert ginn:

  • d‘Spillfläch vun 92 m x 53 m gouf mat engem syntheetesche Wuess ouni Granulat ausgestatt, wat weesentlech méi ëmweltfrëndlech ass,
  • eng nei Berieselungsanlag fir d’Verletzungsgefor vun de Spiller ze reduzéieren,
  • Maschinn fir den Entretien,
  • Stockage fir mobil Goler a verschidden Equipementer wéi Pottoen, Goler a Bänken

 

De syntheeteschen Terrain gëtt vum FC UNA Stroossen fir hiren Training benotzt a fir d‘Stroossener Primärschoulen wärend der Schoulzäit. Wann den Terrain fräi ass, steet en de Stroossener Bierger:inne bis 20:00 Auer zur Verfügung.

Ufank Mäerz 2022 gouf eestëmmeg am Gemengerot de Budget vun 785 000 € fir dëse Projet gestëmmt, dee mat engem staatleche Subside vu 35% ënnerstëtzt gëtt.

Uschléissend un d’Aweiung gouf e Gala Match tëschent dem FC UNA Stroossen an dem 1. FSV Mainz 05 U23 ausgedroen, dee mat 2:0 zu Gonschte vun de Gäscht ausgaangen ass.