Administration communale de Strassen Administration Communale
de Strassen
police campagne

Léif Boma, léiwe Bopa, Loosst iech net beducksen !

D'Police huet an Zesummenaarbecht mam Familljeministère eng Sensibiliséierungscampagne fir eeler Leit presentéiert.

Ee vun den Haaptziler ass et fir déi eeler Generatiounen, déi oft am Viséier vun den Onéierleche sinn, op d'Risike vu verschiddene Bedruchsmaschen opmierksam ze maachen.

Informéiert är Elteren, Bekannten a Kollege fir ze vermeiden, dass si Opfer vun esou Strofdote ginn.

 

Méi Detailer fannt dir op der Internetsäit vun der Police.