Administration communale de Strassen Administration Communale
de Strassen
Bechel - rue des Romains

No de Policekontrollen dës Woch an der rue des Romains wou Vëlosfuerer protokolléiert gi si well si de verkéierte Wee duerch de Sens unique gefuer sinn, sief et iwwert den Trottoir oder iwwert d‘Strooss, weist d’Gemeng Stroossen drop hin dass hinnen de Problem bekannt ass, an si intensiv no enger Léisung sichen.

 

Aktuell leien 3 Projete vir déi, zesumme mam Ministère du Développement durable et des Infrastructures, ausgeschafft ginn.

 

D’Problematik an der rue des Romains besteet doranner dass d’Strooss ze schmuel ass, et feele ganzer 2 Meter, fir eng Vëlospist op 2 Bunnen ze maachen, déi bestoend 24 Parkplazen ze halen, an eng breet genuch Strooss fir d’Automobilisten an de Busverkéier ze garantéieren. Dobäi kënnt, dass et eng vill befuere Strooss ass mat 90% Duerchgangsverkéier a bis zu 120 Vëlosfuerer moies an owes zu de Stousszäiten mat virum allem, Famillen a Kanner um Vëlo. Bei enger Vëlospist mat 2 Bunnen, muss séchergestallt sinn, dass kee Verkéiersdeelhueler sech a Liewensgefor begeet. Dëst ass déi iewescht Prioritéit vun der Gemeng.

 

Berécksiichtegt een all des Facteuren, bleiwen dräi Alternativen:

1. Fir eng Vëlospist an en Trottoir déi alle béid den aktuelle Sécherheetsufuerderungen entspriechen, misste sämtlech Parkplaze eweg gemaach ginn.

2. Eng Aart Zone de rencontre amenagéiere wou d’Parkplazen all bleiwen, mat enger Vëlospist, mee wou dann den Trottoir plazeweis ze schmuel ass fir mat enger Poussette oder engem Rollstull ze passéieren.

3. Eng drëtt Alternative gesäit eng Vëlospist an en Trottoir vir, eng méi schmuel Strooss fir d’Automobiliste mat nëmme 7 Parkplaze. Ze bedenken gëllt et hei dass d'Awunner keng Garagen hunn fir hier Autoen ze stationéieren. 

Déi verschidden Optioune gi momentan ënnersicht an eng Decisioun wäert zäitno geholl gi fir d’Sécherheet vun alle Verkéierdeelhueler zu Stroossen ze garantéieren an d’Interesse vun den Awunner ze respektéieren.